
E wéineg geheimnisvoll, awer virun allem ëmaarmend a waarm, entfaalt dat Mooft seng verschidden Nuancen duerch d’Zesummestellung vun de Matièren a Faarwen an dësem Raum.
Heibäi gëtt op de Wuelfillaspekt – Cocooning – gesat, mam Häerzstéck vun dësem Raum, engem fantasteschen, samette Bett, vu Kësse bedeckt, fir Volume ze schafen. De muussegen Teppech bedeckt de Buedem a betount de gemittleche Charakter vun der Atmosphär.
D’Accessoiren, däischtere Samet an Holz, droen derzou dobäi, d’Zëmmer ze erwiermen.


Ob fir ze schaffen, ze spillen oder ze relaxéieren, et spiert een sech wéi an engem angeneem kuschelege Raum.
An dëser Ambiance steet d’Kombinatioun ganz ënner engem eenzege Motto: Cozy!